Connect with us

Questions parlementaires

EU Vott Pestiziden

Den 22ten November 2023 huet dat europäescht Parlament per Vott e Projet refuséiert, deen de Gebrauch vu chemesche phytopharmazeutesche Produiten an der Agrikultur bis 2030 staark reduzéiere wollt. Och sollt den Asaz vu chemesche Pestiziden an Natura 2000 Gebidder an ausgewisenen Gréngzone verbuede ginn. Allgemeng sollten eis Natur a Planzen iwwert den Asaz vu méi nohaltege Produiten besser geschützt ginn.  Och Lëtzebuerg huet iwwert de Vott vu senge 5 Representantë géint dëse Projet gestëmmt. Offiziell, laut den Informatioune vun dem ëffentleche Sender 100komma7, well vereenzelt Representanten net d’accord ware mat der ofgeschwächte Versioun vum Gesetzestext. Schlussendlech huet dëst awer mat dozou gefouert, dass d’Zukunft elo ganz ongewëss ass, well den Text och net méi an déi europäesch Ëmweltkommissioun zeréck geet.   Konträr zu dëser Entwécklung schwätzt déi nei Regierung am Koalitiounsaccord vun enger systematescher a konsequenter Ënnerstëtzung vun der Bioproduktioun, och am Sënn vun engem Schutz vun der Natur an engem méi nohaltegem Ëmgang mat eise Ressourcen. Et gëtt hei an dësem Kontext och vu Mesure geschwat, fir déi biologesch Produktioun ze ënnerstëtzen. Gläichzäiteg gëtt awer och vu Proportionalitéit bei däraartege Mesure geschwat, wou de genauen Equiliber net kloer ass, wat ëmmer Interpretatiounsspillraum zouléisst. Am Kapitel zur Durabilitéit an der Resilienz steet dann och: „le Gouvernement promouvra une utilisation durable des produits phytosanitaires afin de garantir la préservation de la biodiversité et la protection de nos eaux de surface ainsi que de nos sources. La formation initiale et continue dans le cadre de la réduction des produits phytosanitaires sera développée et la sensibilisation à ce sujet sera renforcée“.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet déi nei Ministesch zu dem Vott vu Lëtzebuerg an dem genannten europäeschen Dossier? 

  2. Wéi eng konkret Mesurë, nieft der Formatioun an der Sensibilisatioun, sinn zu Lëtzebuerg an dësem Kontext geplangt?

  3. Wäert Lëtzebuerg sech onofhängeg vun der europäescher Entwécklung an dësem Sujet quantifizéierbar Ziler ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 42

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert