Connect with us

Questions parlementaires

Direktvollen tëscht Lëtzebuerg a China

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a Zhengzhou aus op Lëtzebuerg ze fléien. Mat engem vun dëse Volle kënne bis zu 314 Passagéier gläichzäiteg ukommen, déi duerno natierlech duerch d’Kontrolle vun der Police an der Douane mussen. Dëst Passagéierzuele géifen als an déi Dausende goen a sinn mat engem ganz groussen Aarbechtsopwand verbonnen well Findel verfüügt just iwwert e klengen Net-Schengen Beräich. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt sech um Lux-Airport op dës nei grouss Kapazitéit u Passagéier preparéiert?

  2. Sinn d’Ekippe vun der Police um Flughafen op déi méi héich Belaaschtungen duerch dës zousätzlech Vollen aus China preparéiert?

  3. Sinn d’Ekippe bei der Douane um Flughafen op déi méi héich Belaaschtungen duerch dës zousätzlech Vollen aus China preparéiert, wëssend, dass am Passagéierberäich aktuell verschidden Ekippen ënnerbesat sinn?

  4. Wéi vill Taxe kritt Lux-Airport duerch dës Direktvollen tëscht Lëtzebuerg a China eran?

  5. Wéi vill Taxen a Recettë soll de Lëtzebuerger Staat duerch dës Direktvollen tëscht Lëtzebuerg a China erakréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 49

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert