Connect with us

Questions parlementaires

Uschloss Photovoltaikanlag

Vill Leit maachen sech eng Photovoltaikanlag op den Dach, fir selwer Energie hierzestellen. Nodeems d’Anlag um Dach installéiert ginn ass, muss een awer e Rendezvous mat der Creos maachen, fir dass eng Verbindung zum Stroumreseau gemaach gëtt. Et gouf un eis erugedroen, dass et dacks awer extrem laang Delaie gi bis d’Anlag finalement un de Stroumreseau kann ugeschloss ginn, obwuel domat längst Stroum kéint produzéiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang dauert et an der Moyenne tëscht der Fäerdegstellung vun der Photovoltaikanlag an der Verbindung un de Stroumreseau duerch d’Creos?

  2. Wat sinn d’Grënn, dass et deelweis e puer Méint dauert, bis d’Photovoltaikanlag un de Stroumreseau ugeschloss gëtt?

  3. Wat kéint gemaach ginn, fir dass den Uschloss un de Stroumreseau méi séier geet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 54

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert