Connect with us

Questions parlementaires

No Beruffsverbuet erëm zreck an de Centre médical

Säit dem 17ten Abrëll däerf de Generalist, géint deen 2022 een zäitweilegt Beruffsverbuet ausgeschwat gi war, erëm schaffen. Seng Praxis ass erëm op wéi d’Tageblatt an engem Artikel vum 19ten Abrëll mellt. Wéi d’Lëtzebuerger Land d’lescht Joer gemellt hat, hat de Medezinner vill Déngschter am Centre médical zu Ettelbréck iwwerholl.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Generalist och erëm seng Aarbecht an engem Centre médical ophuelen?

  2. Wa jo, wäert dofir gesuergt ginn, dass zäitgläich nach een aner Dokter oder eng aner Doktesch present ass, fir dass d’Patienten net gezwonge sinn sech vum verurteelte Generalist behandelen ze loossen?

  3. Kann d’Ministesch Afloss dorop huelen, wien an engem Centre médical Déngscht huet? Wien ka soss Afloss dorop huelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7903

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert