Questions parlementaires
Walziedelen net mat Bläistëfter ausfëllen
D’Gemengewale sti virun der Dier an d’Madamm Inneministesch huet schonn eng Réi Circulairen zu de Walen un d’Buergermeeschteren a Buergermeeschtesche geschéckt. Bei de leschte Wale goufen an verschiddene Walbüroe Bläistëfter amplaz Bicken an d’Walkabinne geluecht. De Risiko bei de Walziedelen, déi per Bläistëfter ausgefëllt ginn ass, dass d’Votten herno verännert oder ewech radéiert kéinte ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wäert d’Madamm Inneministesch eng Circulaire un all d’Gemenge maachen, mat der Uweisung, dass nëmmen Bicken dierfe benotzt ginn?
QP Nummer 7902