Connect with us

Motiounen

Rapport spéciaux et Auditions publiques

Context:

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • Et besteet eng grouss Demande säitens den Deputéierten no enger klorer Kommunikatioun vun de Krisemesurë vun der Regierung ;
  • et besteet eng grouss Demande säitens der Zivilgesellschaft, fir méi an de Krisemanagement vun der Regierung a vun der Chamber agebonnen ze ginn ;
  • datt d’Abezéie vun der Zivilgesellschaft an d’parlamentaresch Aarbecht, eis Demokratie stäerken kann;
  • den Artikel 22 vum Chambersreglement gesäit fir, datt d‘Kommissiounen d’Méiglechkeet hunn «Auditions publiques» z’organiséieren.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. Ënner dem Abanne vun alle mat der Coronakris befaasste Chamberkommissiounen, ee Rapport spécial ze verëffentlechen, deen op d’Pistes de sortie de crise, sou wéi op d’Léieren, déi aus der Kris ze zéie sinn, ageet.
  2. Virun der Verëffentlechung vum Rapport spécial, eng global oder méi eenzel Auditions publiques ze organsiéieren.
  3. D’Zivilgesellschaft am Kader vun dësen Auditions publiques ze héieren.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert