Connect with us

Familljepolitik

Reservéierungskäschten fir an een Altersheem

A verschiddene Pfleege- a Seniorenheemer zu Lëtzebuerg mussen eeler Leit a hir Familljen héich Virausbezuelungen a Form vu Souscriptiouns-, Garantie- oder Reservéierungsrechter bezuelen, nach éier si iwwerhaapt an engem Altersheem ugeholl ginn.  Et handelt sech dobäi ëm Montante vun e puer dausend Euro. Besonnesch problematesch ass, dass dës Zommen zum Deel nëmme minimal oder guer net zeréckbezuelt ginn, och wa keng Leeschtung bruecht gouf. An engem Beispill, wat mer virleit, muss eng Persoun iwwert 8000€ am Viraus bezuelen a géif am Fall wou se net geet tëschent guer näischt an 3000€ erëmkréien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass d’Praxis gereegelt, no där Pfleege- a Seniorenheemer héich Souscriptiouns- oder Garantiegebühren erhiewen dierfen, fir eng Opnam bannent enger bestëmmter Frist oder eng Reservatioun ze garantéieren?

  2. Wéi eng Garantien hunn d’Leit hei am Hibléck op Verbraucherschutz souwéi am Kader vum Gesetz vum 23 August 2023 portant sur la qualité des services pour personnes âgées? 

  3. Wéi gëtt deene Leit gehollef, déi keng finanziell Mëttel hunn, fir dës Reservéierungskäschten am Viraus ze bezuelen (zum Beispill iwwert de Fonds National de Solidarité)?

  4. Fënnt  d’Regierung et gerecht, datt d’Leit héich Virausbezuelunge leeschte mussen, och wann d’Leeschtungen net genotzt goufen? Wäert hei eppes geännert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3393

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert