Connect with us

Questions parlementaires

Schëffer ënnert Lëtzebuerger Flagg

D’lëtzebuergesch Schëffsflott beschränkt sech net eleng op d’Booter, déi op der Musel fueren, mee et gi Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel an internationale Gewässer ënnerwee sinn. A menger parlamentarescher Fro n°876 wollt ech méi iwwer déi Schëffer wëssen, déi zwar zu Lëtzebuerg an engem maritimme Regëster ugemellt sinn, mee seele bis ni hei op der Musel uleeën. Et handelt sech ëm Schëffer, déi ënnert lëtzebuergescher Fändel verschiddenen Handelsaktivitéiten op de Weltmierer noginn. 216 där Schëffer goufen et Stand 2019. Wéi ech deemools scho geschriwwen hunn, ass Schëfffaart mat ee vun de Secteuren, déi weltwäit mat am meeschten um Ausstouss vu CO2, Stéckoxiden a weidere schiedleche Gaser bäidréit. Wéi d’Ministere schreiwen, géifen national Moossnamen näischt bréngen, fir de Secteur méi propper ze kréien, well d’Schëffer innerhalb vun e puer Deeg de Pavillon wiessele kënnen. Dës Ausso weist u sech, dass een „Race to the bottom“ op Käschte vun der Ëmwelt net kann ausgeschloss ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. • Wéi vill Schëffer sinn, Stand haut, am lëtzebuergesche maritimme Regëster ageschriwwen?• Wéi vill vun deene Schëffer  • hunn ee Gewiicht bis 500 Tonnen? • hunn ee Gewiicht vu 501 bis 5000 Tonnen? • hunn ee Gewiicht vu 5001 bis 25000 Tonnen? • hunn ee Gewiicht vu méi wéi 25001 Tonnen? • Wéi hunn sech dës Zuelen zënter 2019 entwéckelt?

  2. An hirer leschter Äntwert haten d’Ministere Folgendes zum Mosse vun den Co2-Emissiounen erkläert: “D’Donnéeën iwwer den CO2 Ausstouss vun de Schëffer ënner lëtzebuergeschem Fändel sinn onkomplett. En europaäescht Reglement (UE 2015/757) dat den 1. Januar 2018 a Kraaft getrueden ass, verlaangt awer elo vun den Armateuren, dass se den CO2 Ausstouss vun hire Schëffer (iwwer 5000 BRT) bestëmmen. Des Donnéeë ginn dann (nodeem se vun onofhängeger Säit kontrolléiert goufen) un d’europäesch Kommissioun an un de Flagestaat geschéckt. Dëst Reglement gëllt fir Schëffer mat méi wéi 5000 BRT am Bezuch op CO2- Emissiounen, déi während de Fahrte vun hierem leschten Zilhafen bis bei de nächsten Zilhafen am Gebitt vun engem EU-Memberstaat a vun engem Zilhafen um Gebitt vun engem EU- Memberstaat bis bei de neächsten Zilhafen, souwéi beim Openthalt an engem Zilhafen um Gebitt vun engem EU-Memberstaat, ausgestouss ginn.” Opgeschlësselt no de virrechte Gewiichtsklassen an op déi lescht 2 an hallef Jore gekuckt, wéi huet sech de CO2-Ausstouss vun de lëtzebuerger Schëffer entwéckelt? Follegt Lëtzebuerg hei den Trends vun aneren europäesche Länner oder schneiden eis Schëffer besser beim CO2-Ausstouss of?

  3. Wéi vill vun eise Schëffer sinn an der industrieller Fëscherei aktiv an op wéi enge Mierer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4699

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert