Connect with us

Parlamentaresch Froen

Abusen géint Locatairen (Schlofhändler – Nofro)

An der Fro n°855 hu mer eis fir d’Schlofhändler interesséiert. Dat si Wunnengsproprietairen, déi op Profitt vun de Locatairen Wunnenge verlounen, déi ënnert aller Klarinette sinn. Hei zu Lëtzebuerg ass dee Sujet oft bei Kaffiszëmmeren een Thema, wou kleng Räim fir vill Geld u finanziell méi schlecht gestallte Persounen verlount ginn, déi um Wunnengsmaart keng, oder wéineg, gutt aner Alternativen hunn.

Een Artikel am L’essentiel vum 4te Januar 2024 schreift heizou:
“Trente-six nouvelles affaires et seulement cinq condamnations entre 2013 et fin 2022. Voici, selon le parquet, le bilan des poursuites, ces dix dernières années au Luxembourg, contre des propriétaires, en raison d’infractions aux règles de salubrité, de sécurité, d’habitabilité des logements. […] Trop de locataires se mureraient donc dans le silence ou ne seraient pas entendus…”

An der Äntwert op d’Fro n°855 schreiwen d’Ministeren, dass si keng Statistiken hunn betreffend dem Gesetz vum 20ten Dezemeber 2019 relative aux critères de salubrité, d’hygiène, de sécurité et d’habitabilité des logements et chambres donnés en location ou mis à disposition à des fins d’habitation.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass z’erklären, dass am uewe genanntenen Artikel vum L’essentiel de Parquet Zuele liwwert, mee d’Regierung op d’parlamentaresch Fro n°855 keng Statistiken zu de Condamnatiounen betreffend dem Artikel 7 vum Gesetz liwwere kann?

  2. Wéi L’essentiel richteg schreift:
    “Trop de locataires se mureraient donc dans le silence ou ne seraient pas entendus…”

    Oft ass et esou, dass Locatairen mat wéineg finanzielle Mëttelen näischt géint Abus’en ënnerhuelen, well se riskéieren, dass se vum Proprietaire virun d’Dier geheit ginn. Déi Locatairen denoncéieren Mëssstänn dann och net. Wéi steet dës Regierung dozou, fir esou Locatairen, déi u sech Whistlebloweren sinn, eng Zort Noutwunnengen zur Verfügung ze stellen, wa si Schlofhändler denoncéieren (ähnlech wéi et gemaach gëtt bei Affer vu Gewalt)?

  3. “D’Regierung plangt den interministeriellen Aarbechtsgrupp iwwer d’Salubritéits- an Secherheetscritèren vun de Wunnengen ze réaktivéieren, wou niewent de concernéierte Ministèren och déi grouss Gemengen an de Syvicol vertruede sinn, fir zesummen eng Revisioun vun der aktueller Gesetzgebung an dëser Matière ze envisagéieren.”

    • Wéini wäert dësen Aarbechtsgrupp seng éischt Reunioun hunn an d’Aarbechten ufänken?
    • Wéini sollen d’Aarbechten fäerdeg sinn?
    • Wäerten d’Konklusiounen vun dësem Aarbechtsgrupp ëffentlech presentéiert ginn?
    • Kritt d’Deputéiertechamber d’Konklusioune vum Aarbechtsgrupp vun den zoustännege Ministeren virgeluecht a falls jo, wéini?
    • Wäert dësen Aarbechtsgrupp Statistiken zesummendroen betreffend• der Unzuel un  Zëmmeren, déi uechtert d’Land verlount sinn am Kader vum Gesetz?
    • wéi vill Persounen an deenen Zëmmere liewen?
    • wéi vill Kontrollen an de leschten 3 Joer duerchgefouert goufen?
    • wéi vill Plainten bei de Police a Justiz agaange sinn?
    • wéi vill Mol den Artikel 7 vum uewe genannte Gesetz applizéiert gouf?
    • wéi vill Affairen ad acta geluecht goufen?

    Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 996

Continue Reading