Connect with us

Parlamentaresch Froen

Sécherheet a Kriminalitéit a verschiddene Gemengen

Wien sech mat Leit an de Miseler Grenzgemengen ënnerhält, dee gëtt gewuer, dass et an de leschte Wochen eng gutt Unzuel un Iwwerfäll an Abréch zu Réimech gouf. Dëst ass keng nei Situatioun. A menger Fro n°7125 vun 2022, hat ech schonns op d’Entwécklung vun der ëffentlecher Sécherheet, grad am Raum Réimech, opmierksam gemaach. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Ministeren den nämmlechten Tableau virleeën, wéi an der Äntwert op d’Fro n°7125, dëst fir d’Joren 2019 bis 2025 fir d’Gemenge Réimech, Lëtzebuerg (Stater Gare eenzel), Déifferdeng, Péiteng, Esch/Uelzecht, Dikrech an Ettelbréck?

  2. Hunn d’Police- an d’Justizautoritéite Kenntnis dovunner, ob zu Réimech an de leschte Jore Fäll vun illegale Waffegebrauch passéiert sinn?

  3. Goufen an de leschten Joren Fäll vun Prostitutioun an Proxinetismus an de Grenzgemengen mat Däitschland? Falls jo, kënnen d’Ministeren hei Zuelen virleeën fir d’Joren 2019 bis 2025?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2896

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert