Questions parlementaires
Sécherheet am ëffentlechen Transport
De leschte Samschde koum et an der Stad erëm zu engem Iwwerfall. Eng Fra, déi an hirem Rollator ënnerwee war, wollt an de Bus klammen a krut d’Hëllef vun engem Passant ugebueden. Deen nobel wierkende Passant hat d’Situatioun awer ausgenotzt, fir der Fra an deem Moment de Portmonnien aus dem Rollator ze entwennen an sech duerch d’Bascht ze maachen. Et ass sécherlech keen Eenzelfall, datt et am ëffentlechen Transport oder op Bushaltestellen oder a Garen zu Déifställ oder zu Iwwerfäll kënnt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ass dem Minister bekannt, dass Seniore mat Beanträchtegungen am ëffentlechen Transport oder op Arrêten zu Opfer vun Déifställ oder Iwwerfäll gi sinn? Falls ja, wat fir eng Moossnahmen gi vum Minister ënnerholl, fir dës Leit ze schützen?
Wéi vill Déifställ an Iwwerfäll gouf et an de vergaangene Joren am ëffentlechen Transport oder op Arrêten a Garen?
Wéi eng Pläng huet de Minister, fir d’Bushaltestellen an d’Garen hei am Land fir d’Passagéier méi sécher a méi komfortabel ze maachen?
Wéi gëtt allgemeng fir d’Sécherheet vu Buschaufferen hei am Land gesuergt?
QP Nummer 2745