Connect with us

Questions parlementaires

Verspéidungen beim Ausbezuele vun der Vëlosprimm

Lescht Joer hat d’Regierung d’Moossnam geholl, de Kaf vu Vëloen a Pedelec 25 (Vëloe mat enger elektrescher Ënnerstëtzung bis 25 km/h), iwwert de Klimafong mat enger Primm vu bis zu 600€ z’ënnerstëtzen. A menger parlamentarescher n°2354 hat ech d’Ministeren ëm Informatiounen zu der gehéichter Vëlosprimm befrot, déi elo zënter bal engem Joer leeft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Mount, wéi vill Demandë fir d’Vëlosprimm goufe bis haut, onofhängeg vun der Héicht vun der Primm, agereecht?

  2. Wéi huet sech, zënter der Erhéijung vun der Vëlosprimm vun 300€ op 600€, d’Unzuel un Demanden entwéckelt? Ass eng positiv Korrelatioun tëscht der Erhéijung an der Unzuel un Demande fest ze stellen?

  3. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2527 vum Deputéierte Mars Di Bartolomeo hat d’Ministesch geschriwwen: ““Au 15 juillet 2020, le nombre de primes accordées s’élève à 3 652 pour les vélos (montant moyen de la prime : 217 euros) et à 3 553 primes pour les cycles à pédalage assisté (montant moyen de la prime : 293 euros). Le montant total des primes ainsi accordées s’élève à 1 835 000 euros.“” 1. Wéi vill Demande fir d’Vëlosprimm goufen bis haut ugeholl a wéi vill goufen ofgeleent? 2. Wéi vill Euro un Primme goufe bis ewell am Kader vun der Vëlosprimm ausbezuelt?  3. Wat ass den Duerschnëttsmontant vun der Primm a wat ass de Medianwäert?

  4. Op d’Fro wéi laang den Traitement vun den Demanden dauert, hat d’Ministesch geäntwert, dass et 10 Wochen dauert, bis d’Primm ausbezuelt gouf. Mir gouf an engem Fall zougedroen, dass d’Demande am Mee 2020 agereecht gouf an d’Primm bis haut nach net ausbezuelt gouf. 1. Wéi vill Deeg dauert et vun der Demande beim Ministère bis zum Ausbezuele vun der Primm am Duerchschnëtt?  2. Wat ass de Medianwäert vum Delai?  3. Wat war bis elo de kierzesten Delai a wat war bis elo dee längsten Delai de Traitement, bis eng Persoun d’Suen iwwerwise krut?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3910

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert