Connect with us

Questions parlementaires

Waasser-Rechnungen

D’Gemenge bidden hire Bierger:inne verschidde Servicer un, déi zum Deel mussen iwwert d’Taxe matfinanzéiert ginn. Dorënner falen, zum Beispill, d’Benotze vun de Poubellen, d’Consommatioun vum Waasser an d’Gestioun vum Ofwaasser. D’Héicht vun den Taxen ass am Taxe-Reglement vun der Gemeng festgehalen. D’Gemeng schéckt dem Konsument dann eng Ofrechnung fir d’Benotze vun de Servicer.  An der Gemeng Péiteng ass et bei der Ofrechnung vum Waasser esou, dass de Proprietär vun der Wunneng d’Rechnung zougestallt kritt, egal ob hien/si selwer dra wunnt oder se un ee Locataire verlount. De Schäfferot vun der Gemeng hat nämlech de 27ten Abrëll 2016 d’Decisioun geholl, dass ab dem 1ten Oktober 2016 d’Méiglechkeet, fir d’Waasserrechnungen un d’Locatairen z’adresséieren, net méi ugewannt gëtt. Zënterdeem ginn d’Waasserrechnungen nëmmen nach un de Proprietär adresséiert.  D’Gemeng Péiteng huet dëst Virgoen den 8te Mäerz 2023, op eng schrëftlech Fro vum Gemengeconseiller Christian Welter hin, bestätegt. D’Gemeng erkläert ausserdeem, dass an der Vergaangenheet vill ze vill Locatairen hir Waasserrechnung net bezuelt hätten a si dowéinst elo d’Rechnungen nach just un de Proprietär adresséiert. D’Gemeng hëlt als legal Basis fir dëst Virgoen dat modifizéiert Waasserreglement vun der Gemeng Péiteng vum 24te Juni 1973, Artikel 22, wou dra steet: “Der Eigentümer von Gebäuden oder Grundstücken, die an die öffentliche Wasserleitung angeschlossen sind, ist für die Zahlung der fälligen Wassertaxen zuständig. Die Wassergebühren können jedoch auch, aufrund einer schriftlichen Übereinkunft zwischen Eigentümer und Mieter, direkt den Mietern in Rechnung gestellt werden. Ein Exemplar dieses Abkommens ist der Gemeindeverwaltung zuzustellen, Haftbar für die Entrichtung der Taxen bleibt jedoch der Eigentümer, sollte der Mieter die fälligen Zahlungen nicht entrichten. ” Den Erklärunge vun der Gemeng no, wier et haut och net méi méiglech, fir d’Rechnung vum Waasser a vum Ofwaasser direkt un de Locataire auszestellen. An anere Gemengen ass et, mengen Informatiounen no, wuel awer méiglech, fir d’Facturatioun direkt op de Locataire auszestellen, esou wéi dat och fréier an der Gemeng Péiteng de Fall war. Grad well et sech beim Waassercompteur ëm een individuelle Compteur handelt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi engen anere Gemengen hei am Land gëtt d’Facturatioun vum Waasser eenzeg an eleng un de Proprietär ausgestallt?

  2. Ass et legal, fir ee Gemengereglement sou ëmzeänneren, wéi zu Péiteng, dass net méi de Locataire als Consommateur, mee de Proprietär vun der Wunneng d’Waasserrechnung zougestallt kritt, obwuel dësen, am Fall vun enger Locatioun, weder de Consommateur vum Waasser ass, nach iergend en Afloss op d’Consommatioun vu sengem Locataire kann hunn?

  3. Ass et iwwerhaapt am Aklang mat der aktueller Gesetzgebung, dass eng Gemeng engem Proprietär eng Waasserrechnung zoustellt, obwuel d’Wunneng en individuelle Compteur huet an de Locataire offiziell bei der Gemeng ugemellt an deklaréiert ass?

  4. Steet et enger Gemeng zou, fir iwwert de Wee vun enger Waasserrechnung dem Proprietär Informatiounen iwwert de Waasserverbrauch vu sengem Locataire zoukommen ze loossen an ass dës Virgoensweis am Aklang zum Dateschutz?

  5. Ass d’Virgoensweis zu Péiteng och legal a proportional am Hibléck op de Fait, dass eng Gemeng spéitstens no der Umeldung genee weess, wien de Locataire ass, wéi vill Persounen am Stot wunnen, an deemno all Informatiounen huet, fir de Locatairen eng individuell a personaliséiert Rechnung auszestellen ?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert