Connect with us

Questions parlementaires

Reduzéierung vum US-Militär an Europa

Iwwerdeems gëtt beriicht, datt d’USA keng Tomahawk-Rakéiten an och keng „Deep Precision Strike“-Waffesystemer (DPS) an Däitschland stationéiere wäerten. Déi aktuell europäesch Systemer, wéi Taurus, hunn nëmmen eng limitéiert Reechwäit a sinn nëmme begrenzt disponibel. Op europäeschem Niveau gëtt d’strategesch Autonomie am Beräich vun der Verdeedegung ëmmer méi wichteg a konkret. Den ELSA-Programm soll an Zukunft hei fir méi Onofhängegkeet suergen, mee déi éischt Kapassitéite sinn eréischt Mëtt vun den 2030er Joren z’erwaarden. .  Och wa Lëtzebuerg net iwwer eege Laangstreckewaffesystemer verfüügt, spillt eist Land eng wichteg Roll am Beräich vun der militärescher Kommunikatiouns- a Satellitteninfrastruktur, déi fir DPS-Systemer ee wichtege Bausteen ass. Lëtzebuerg ka sécherlech Satelittenkapassitéiten bereet stellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung déi ugekënnegt Reduzéierung vun den amerikanesche Militärkapassitéiten an Europa a fir wéi eng Moossnahmen wäert si op europäeschem Niveau ënnerstëtzen?

  2. Wéi eng Roll gesäit d’Regierung fir Lëtzebuerg bei der Verdeedegung vun der NATO souwéi Europa?

  3. A wéi enger Form wäerten d’Lëtzebuerger Satellitteninfrastrukturen fir den ELSA-Programm agesat ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4067

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert