News
Ufro fir eng gemeinsam Kommissiounssitzung zum Réckzuch vum Roude Kräiz aus den Offices sociaux
Ufro fir eng gemeinsam Kommissiounssitzung zum Réckzuch vum Roude Kräiz aus den Offices sociaux
Här President,
Ech bieden drëms, fir dëse Bréif un d’Presidentin vun der Kommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten an un d’Presidentin vun der Kommissioun fir Famill weiderzeleeden.
Wéi d’Lëtzebuerger Wort haut mellt, wäert d’Rout Kräiz sech am Laf vun 2027 schrëttweis aus 13 Offices sociaux zeréckzéien, mat deenen et eng Konventioun huet.
Ech wëll dëse Punkt op den Ordre du Jour vun enger nächster gemeinsamer Sëtzung vun deenen zwou Kommissioune setzen an déi zoustänneg Ministeren an dës Sëtzung invitéieren.
Ech wéilt mat hinne beschwätzen, wéi d’Gemengen an déi betraffen Offices sociaux beim Iwwergang ënnerstëtzt ginn, wéi d’Aarbechtsplaze vum betraffene Personal ofgeséchert kënne ginn a wéi d’Sozialhëllef ouni Ënnerbriechung fir déi Leit, déi drop ugewise sinn, garantéiert ka ginn.
Mam Inneminister wéilt ech besonnesch beschwätzen, ënner wéi enge Bedéngungen dat betraffent Personal iwwerholl ka ginn a wéi d’Verantwortung tëscht de Gemengen an den Offices sociaux nom Réckzuch vum Roude Kräiz verdeelt gëtt.
