Connect with us

Questions parlementaires

Apple ënnersicht d’Daten vu sengen Notzer

Den Internetgigant Apple huet am Kader vum Kampf géint kannerpornographesch Inhalter elo zouginn, dass si säit 2019 d’E-Maile vun hiren Notzer iwwert d’iCloud automatesch mat hirer Datebank ofgläichen. Bei engem Verdachtsfall gëtt d’Email dann un een Employée wiedergeleet, deen dës iwwerliest: ““As part of this commitment, Apple uses image matching technology to help find and report child exploitation. Much like spam filters in email, our systems use electronic signatures to find suspected child exploitation. We validate each match with individual review.“ ” De 5ten August dëst Joer huet d’Firma dann ugekënnegt, d’Inhalter vu Fotoen a Messagen net méi nëmme just op der iCloud, mee direkt op de Geräter ze scannen an ofzegläichen. Dëse Schrëtt gëtt vun Dateschützer a Mënscherechtsorganisatioune wéi dem US Human Rights Watch kritiséiert, well d’Technologie, déi zum Asaz kënnt, och ka fir aner Zwecker, wéi zum Beispill d’scannen no sensibelen Daten an d’Sich no politesche Géigner mëssbraucht ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Notzen d’Ministeren d’iCloud fir berufflech Zwecker? Ware si sech bewosst, dass d’Firma d’Inhalter op der Cloud mat hirem Programm ofgläicht?

  2. Wéi stinn d’Ministeren zu den am August annoncéierte Pläng vun Apple? Wäert dëst een Afloss op hire Gebrauch vun Telefonen an anere Geräter hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4910

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert