Connect with us

Questions parlementaires

Afghanistan Transportfliiger A400M – Nofro

De Méinde Moien hate mir eng urgent Fro zu engem eventuellen Asaz vun eisem A400M am Kader vun der Afghanistan Kris un de Verdeedegungsminister gestallt. D’Belsch Medien haten de Méinde Mëtten (16.08.2021) gemellt dass d’Regierung ëm de Premier De Croo géing Fligeren an den Afghanistan fir Repartimenter schécken. D’Belsche Regierung huet explizitt erwäänt, dass een A400M sollt ënnert de Fliger sinn. Am RTL Interview de 17.08.2021 heescht et: „Der Maschinn feelen nach déi néideg Sécherheetslizensen.[…] D’Defense an den Ausseministère plangen elo zesumme mat der Belsch, de Militärfliger an en Nopeschland vum Afghanistan ze schécken.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini genau gouf d’Decisioun geholl, fir eisen A400M mat der Registréierung CT-01 an den Asaz ze schécken? Kann de Minister eis de genauen Oflaf erklären?

  2. Hunn eis belsch Partner eis vir d’éischt kontaktéiert oder mir si? 

  3. Em wat fir Sécherheetslizenzen handelt et sech? 

  4. Firwat ginn dës Lizenze gebraucht? 

  5. Sinn dës Lizenze fir den eemolege Gebrauch oder gëllen dës Lizenzen iwwert ee längeren Zäitraum?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4870

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert