Connect with us

Questions parlementaires

Wifi an Zuch a Bus

Am Kader vun der parlamentarescher Fro n°2549, huet de Mobilitéitsminister erkläert, dass et beim Ausbau vum Wifi an den Zich vum CFL duerch d’Covid-19 Pandemie wäert zu Verspéidunge kommen an dass „am Moment [net geplangt ass], fir dat aktuellt Zuch-Material mat Wifi z’ekipéieren.“ An de momentan benotzen Zich soll also kee Wifi soll agebaut ginn, nëmmen an de bestallten, néien Zich. Gläichzäiteg kann een um Site vum CFL liesen:  ““Die 34 bei Alstom bestellten Züge der neuen 2400er- Serie (Typ „Coradia“) werden mit einem Wi-Fi-Verbindungssystem ausgestattet und verstärken die bestehende CFL-Flotte bis Dezember 2024. In der Zwischenzeit wird die Installation von Wi-Fi auf bestehendem Material untersucht, insbesondere für DOSTO-Züge.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An wéi villen Zich kënnen d’Passagéier momentan vu fräiem Wifi profitéieren?

  2. An wéi villen Busser kënnen d’Passagéier momentan vu fräiem Wifi profitéieren?

  3. Bis wéini plangt de Ministère Wifi op allen Zuchstrecke kënnen z’assuréieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4863

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert