Connect with us

Questions parlementaires

Réckzuch aus dem Afghanistan- wat geschitt mat de Kollaborateuren

Virun 2 Méint hat ech dem Minister d’Fro gestallt (n°4408), wéi et mat den afghaneschen Ziviliste géing goen, déi am Krich géint d’Taliban déi westlech Truppen ënnerstëtzt hunn.  De Minister hat mer a menger leschter Fro geäntwert, dass eng Persoun, déi de westlechen Truppe gehollef huet, ënnert verschiddene Konditiounen, Schutz hei am Land ka kréien. E schreift awer och, dass Lëtzebuerg nach keng Entscheedung getraff huet an op eng europäesch Léisung waart. D‘ EEAS (den auswäertegen Déngscht vun der EU) dee fir verschidden Deeler vun der EU Baussepolitik an d’Bannenzegt Sécherheet zoustänneg ass, huet an dësem Kader keng Befugnisser, fir de Betraffene Visaen auszestellen, dëst kënnen nëmmen d’Memersstaaten. Elo sinn awer 2 Méint vergaangen a fir déi afghanesch Betraffen, hier Kanner an hier Bekannten ass d’Lag am Land aussiichtslos ginn. Taliban hunn d’Muecht am Land iwwerholl.  Erschwéierend kënnt fir d’Afghanen nach dobäi, dass si net am Flüchtlingsdeal mat abegraff sinn, deen d’EU mat der Tierkei ausgehandelt hat a vun der Tierkei ofgewise ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung elo selwer iergendwellech Moossnamen ënnerhuelen, fir den Afghanen, déi de westlechen Truppe gehollef hunn, eng akut Flucht aus dem Afghanistan ze erméiglechen? 

  2. Wäert eis Regierung d’Situatioun vun de Betraffenen am Afghanistan einfach esou hinhuelen, wann keng europäesch Léisung zustane kënnt? Falls nee, wat wäert eis Regierung ënnerhuelen?

  3. Kéint d’Regierung den afghanesche Bierger, déi de westlechen Truppen am Afghanistan gehollef hunn, zäitno eng speziell Schutzprozedur ubidden, déi hinne méi schnell Asyl garantéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4855

Continue Reading