Connect with us

Parlamentaresch Froen

Baupfusch bei der SNHBM – Nofro

Een Artikel op rtl.lu vum 5ten August 2022 hat beriicht, dass et bei verschiddene Bauten vun der SNHBM ganz schlëmm Defekter ginn. Rieds ass vu Schimmel, Infiltratiounen, enger schlechter Ventilatioun, déi fir stéckëg Wunnenge suergt, a geschréipste Fënsteren. Am selwechte Wunngebai um Kierchbierg waren 2023 och Stécker vun engem Balkon erofgefall. D’Balkonen kënnen zënterdeem net méi vun de Residenten genotzt ginn, wéi een Artikel op lessentiel.lu et richteg titelt „Privés de balcon, terrasse ou jardin depuis… septembre 2023“.

D’SNHBM hat informéiert, dass si dës Wunnegen net selwer gebaut huet, mee iwwert Sous-Traitant’en, déi sech missten ëm dës Problemer këmmeren. De Minister hat op d’Froen n°6622 a 6625 geäntwert, dass déi zoustänneg Firmen sech ëm déi Mängel géife këmmeren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Problemer am Wunngebai um Kierchbierg mëttlerweil all geléist?
    Falls nee, firwat net a bis wéini kënnen d’Bewunner mat enger Léisung rechnen?

  2. Wéi vill weider Plainten wéinst Defekter a Gebaier vun der SNHBM an dem Fonds du Logement goufen et vu säiten vun de Besëtzer/Emphyteoten a Locatairen vun ëffentleche Wunnengen tëschent 2022 an 2024?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1048

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert