Parlamentaresch Froen
Zuelen zum bëllegen Akt fir d’Locatioun
Den 22te Mee dëst Joer ass d’Gesetz iwwert verschidden Hëllefe fir de Wunnengsmaart a Kraaft getrueden (Loi du 22 mai 2024 portant introduction d’un paquet de mesures en vue de la relance du marché du logement). Hei gouf een neie bëllegen Akt fir d’Locatioun agefouert (crédit d’impôt location).
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Leit hunn dëst Joer bis ewell vun dësem Steierkreditt profitéiert a wéi vill Suen goufen Stand 31/7/2024 ausbezuelt?
Bei wéi villen Transaktiounen ass dëst Joer kee Steierkreditt accordéiert ginn (also weder de klasseschen bëllegen Akt, nach de bëllegen Akt fir Locatioun)?
QP Nummer 1045