Parlamentaresch Froen
Middegkeet bei de Lokéierer – Nofro
Op meng Froen n°165, 387 an 831 huet d’Mobilitéitsministesch mir Zuele geliwwert betreffend de Fuerpersonal bei den CFL. Wann een sech dës Zuelen ukuckt, fält op, dass 2023 virun allem d’Lokféierer vill Deeg usammelen duerch net liquidéiert Roudeeg.
D’Roudeeg si virun allem do, fir dass d’Lokféierer tëschent hire Schaffwochen eng Paus aleeën, fir sech kierperlech a mental kënnen z’erhuelen. Manner Roudeeg bedeit manner Repos an doduerch méi Middegkeet, manner Leeschtungsfäegkeet an ee Risiko fir d’Gesondheet.
Op meng lescht Fro hat d’Ministesch geäntwert:
„Den CFL-Personalstatut gesäit vir, datt „dans la mesure du possible“ jiddereen duebel Roudeeg (2 Roudeeg hannereneen) soll kréien. En isoléierten Roudag ass définéiert mat minimum 38 Stonnen. En duebelen Roudag ass définéiert mat minimum 62 Stonnen. Den CFL-Personalstatut kennt kéng Reegel vu 44 Stonnen.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Hunn all d’Lokféierer an der Reegel mindestens zwee Rouhdeeg à 62 Stonnen Paus tëschent zwou Aarbechtswochen?
Falls nee, wéi oft ass dat vun 2020 bis 2023 net de Fall gewiescht?Hunn all d’Lokféierer an der Reegel mindestens ee Rouhdag à 38 Stonnen Paus tëschent zwou Aarbechtswochen?
Falls nee, wéi oft ass dat 2020 bis 2023 net de Fall gewiescht?
QP Nummer 1005