Connect with us

Questions parlementaires

Cargolux 2

Bei der Presentatioun vum Joresbilan vun 2020, huet d’Cargolux dës Woch Verännerungen an hirem Verwaltungsrot präsentéiert. D’Madamm Christiane Wickler gëtt néi Präsidentin vum Verwaltungsrot. Op Nofro vum RTL hin, huet Madamm Wickler erkläert, dass de Mobilitéitsminister François Bausch si viru 5 Woche gefrot huet, op si dëse Poste wéilt besetzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung den Nominéierungsprozess vum Poste vum Verwaltungsrotspresident respektiv der Verwaltungsrotspresidentin erklären? War déi ganz Regierung mat dësem Choix d’Accord ?

  2. An engem 100,7 Interview huet déi néi Verwaltungsrotspresidentin erkläert: „Et gi vill méi schlëmm Transportmëttel wéi de Fliger.“  Ass d’Regierung der selwechter Meenung?  Wéi eng Transportmëttel sinn der Regierung no manner nohalteg wéi Fligeren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4189

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert