Connect with us

Questions parlementaires

Cargolux

D’Cargolux féiert 2021 hiert d’50järegt d’Bestoen. 2020 huet Cargolux konnten een Rekordbenefice vun iwwer 630 Milliounen Euro erzielen. Déi momentan sanitär Kris huet der Fluchgesellschaft also net geschuet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fënnt d’Regierung dass d’Cargolux kann als Gewënner vun dëser Kris bezeechent ginn a wa jo, wäert d’Cargolux och ënnert déi ugeduechte Stéier fir d’Gewënner vun der Kris falen, déi vu verschiddene Regierungsmembere proposéiert gouf ?

  2. Wéi vill Material huet d’Cargolux 2020 am Optrag vum Staat op Lëtzebuerg transportéiert? Kann d’Regierung Detailer zu dëse Liwwerunge ginn (Material an Unzuel) ?

  3. Huet d’Cargolux och Covid-19 Impfstoff am Optrag vun der Regierung op Lëtzebuerg transportéiert? Wa jo, wäert d’Regierung och ënnert dem néie Verwaltungsrot weiderhin Opträg am Zusummenhang mat Covid-19 un d’Cargolux ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4188

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert