Connect with us

Questions parlementaires

Kontrakt mat privater Sécherheetsfirma verlängert

Published

on

D’Stater Gemeng huet ugekënnegt, d’Verträg mat enger privater Sécherheetsfirma bis de 15ten November ze verlängeren. De Notze vun de private Sécherheetsfirmen ass net onëmstridden. Dowéinst haten d’Justizministesch an de Minister fir bannenzeg Sécherheet an hirer Äntwert d’der parlamentarescher Fro n°3574 erkläert :  “”De Justizministère huet am Kader vun der Ausübung vu senge Missioune laut dem Gesetz vum 12ten November 2002 gefrot Asiicht an d’Dokumentatioun ronderëm déi vill diskutéiert Kontrakter vun enger Sécherheetsfirma mat zwou Gemengen ze kréien an huet déi Dokumenter och krit. Si ginn aktuell analyséiert.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Analyse vun den aktuelle Kontrakter ofgeschloss? Falls jo, wat sinn d’Schlussfollgerungen déi de Justizministère aus dëser Analys zitt?

  2. Gedenkt de Justizministère och de Kontakt dee vum 15.05 bis de 15.11.2021 leeft, z’analyséieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4179

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.