Connect with us

Questions parlementaires

Import vu Papageien

Verschidde Papageienaarten si wéinst hire faarwege Plommen an dem Fait, dass si d’Stëmm vu Mënschen imitéiere kënnen, weltwäit beléift Hausdéieren. Leider sinn awer och d’Papageien vum Verloscht vun der Aartevillfalt betraff. Tëscht 1994 an 2003 goufe ronn 1,6 Millioune Papageien an d’EU importéiert, déi ënnert déi sougenannte CITES-Bestëmmunge falen, also als gefërdert Aarten ugesi ginn. Säit dem 1.07.2007 dierfe keng an der Wildnis gefaange Villercher méi an d’EU importéiert ginn, just nach Déieren aus bestëmmten Ziichtereie sinn erlaabt. Dëst war d’Konsequenz vun engem Rapport vun der EFSA, dee bewisen huet, dass vill Villercher beim Transport stierwen an et ee Gesondheetsrisiko duerch net bekannte Krankheete gëtt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn dem Minister verstéiss géint d’Importverbuet vu wëlle Villercher (also géint d’EU Reglementer 318/2007, 139/2013 oder 2020/692) zu Lëtzebuerg bekannt? Wann jo, wéi vill Fäll goufe säit dem 1.07.2007 festgehalen?

  2. Wéi vill Händler vun exotesche Villercher hei am Land sinn der Veterinärsinspektioun bekannt? 

  3. Ginn d’Händler, déi exotesch Villercher zu Lëtzebuerg verkafen, vun der Veterinärsinspektioun kontrolléiert? A wann jo, wéi oft?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4362

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert