Connect with us

Questions parlementaires

Juegdhënn an d’Fuussejuegd

Juegdhënn sinn Hënn, déi vun hire Besëtzer dorop trainéiert ginn, am Bësch aner Déieren ze erschnoffelen a si eventuell an eng Richtung ze joen oder ze apportéieren. Esou ginn Hënn beispillweis bei der Fuussejuegd agesat, wou d’Hënn gäre vu verschiddene Jeeër genotzt ginn, fir Fiiss ze fannen an se zréck bei si ze brengen. Déiereschutzorganisatioune wéi PETA kritiséiere verschidden Ausbilungsmethode vu Juegdhënn, wéi se zum Beispill beim trainéiere vum Apportéiere vu liewegen Déieren zum Asaz kommen, schaarf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn zu Lëtzebuerg Ausbildunge fir Juegdhënn ugebueden? Wa jo, wéi vill?

  2. Verschidden Ziichter maache mat hiren Déieren ee Wesenstest, een Test, mat deem d’Verhaalenseegenschaften vun den Hënn kontrolléiert ginn. Och bei Rettungshënn kënnt dësen Test an den Asaz. Sinn esou Wesenstester och fir Juegdhënn virgesinn?

  3. Zanter 2015 dierfe keng Fiiss méi zu Lëtzebuerg gejot ginn. Dat bedeit, dass dës Déieren net dierfen erschoss ginn, mee och keng Juegdhënn dierfen op si lass gelooss ginn.  Wéi oft gouf d’Anhale vum Fuussejuegd-Verbuet kontrolléiert säit 2015? Wéi vill Verstéiss goufe festgestallt?

  4. An der Belsch ass d’Fuussejuegd net verbueden, an esou kéint et virkommen, dass Lëtzebuerger Residenten an der Belsch op d’Juegd ginn, an do Fiiss schéissen. Dierf ee Lëtzebuerger Resident ee geschossene Fuuss aus der Belsch mat a Lëtzebuerg bréngen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4199

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert