Questions parlementaires
Rupture de stock de médicaments- 2

An der Äntwert op meng Parlamentaresch Fro n°4045 huet d’Gesondheetsministesch erkläert: ““Am Joer 2020 krut d’DPM am Duerchschnëtt 50 bis 60 Notifikatioune pro Mount iwwer Indisponibilitéite vu pharmazeutesche Spezialitéiten, déi vu Firmen deklaréiert goufen a fir déi an der grousser Majoritéit vun de Fäll Alternativen existéieren.“”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill pharmazeutesch Spezialitéite waren der DPM no den 1.01.2021 als indisponibel gemellt (an absolutten Zuelen)?
Wéi vill pharmazeutesch Spezialitéite waren der DPM no den 1.03.2021 als indisponibel gemellt (an absolutten Zuelen)?
Wéi vill pharmazeutesch Spezialitéite waren der DPM no den 1.05.2021 als indisponibel gemellt (an absolutten Zuelen)?
QP Nummer 4213