Connect with us

Questions parlementaires

Komplett geimpft reesen – Nofro

Den 10ten August hu mir eng parlamentaresch Fro zum Thema Auslandsreese fir geimpfte Persounen un d’Madamm Gesondheetsministesch gestallt (Fro N°4822). An der Fro goung et virun allem ëm d’Arees an d’USA. D’Wäisst Haus huet dës Woch matgedeelt, dass den „Air Travel Ban“ fir geimpften Europäer soll am November ewech falen.  Allerdéngs stellt sech d’Fro, wéi eng Persounen fir d’Amerikaner als geimpft gëllen. Vaccinë wéi dee vun AstraZeneca ginn an den USA z. B. net genotzt. Zu Lëtzebuerg goufe Stand 6.09.2021 awer 110’750 Dose vun dësem Vaccin versprëtzt. An der Washington Post heescht et haut dozou:  ““It also is not clear whether vaccines that have not been authorized in the United States, such as the Oxford-AstraZeneca shot or vaccines made by China and Russia, will be accepted. That will be determined when the details of the new rules are hammered out by federal agencies, White House aides said.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann d’Madamm Ministesch eis Detailer zu den Areeskonditiounen an d’Vereenegt Staten nennen? Falls net, wäert den EU-USA Aarbechtsgrupp zu dësem Thema eng gemeinsam Positioun ausschaffen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4996

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert