Connect with us

Questions parlementaires

Wéini gëtt d’Bio-Poubelle iwwerall am Land agefouert

D’Chamber hat de 16te Mee 2019 am Kader vun der Debatt zum Klima eng Motioun adoptéiert an där d’Regierung opgefuerdert gouf, fir alles ze ënnerhuelen, fir Lëtzebuerg zum Spëtzereider an der Offallvermeidung an Offallverwäertung ze maachen. Um Punkt 10 gëtt d’Regierung invitéiert “à assurer à ce que les collectes séparées obligatoires depuis 1994 soient mises en place partout au Luxembourg”. D’Motioun nennt awer keen Datum bis wéini dës Mesurë mussen ëmgesat ginn. Dee gläichen Dag gouf eng Motioun vun de Piraten ofgeleent, déi mam 1.1.2020 ee konkreten Datum fir d’Aféiere vun enger Bio-Poubelle am ganze Land gefuerdert hat an dat ënnert dem Virwand, dass de Punkt 10 vun der adoptéierter Motioun dëst géif virgesinn.  Aus den Äntwerten op meng parlamentaresch Fro n°903 vum 16te Juli 2019 goung ervir, dass nach net all Gemeng am Land senge Biergerinnen a Bierger d’Méiglechkeet bitt hier Bio-Offäll separat vum Reschtoffall ze entsuergen, mee, dass “déi meescht Gemenge bis 2020 eng Bio-Poubelle wäerten ubidden.” D’Ministesch hat des Weideren ugemierkt, dass laut dem Offallwirtschaftsgesetz vum 21. Mäerz 2012 d’Gemengen an der Flicht sinn eng Bio-Offallsammlung unzebidden. Den Delai fir dëst ëmzesetze war 2014.  An den Äntwerten op meng lescht parlamentaresch Fro n°1851 konnte mer zu deem Zäitpunkt nach keng genee Daten zum Undeel vum Bio-Offall fir d’Joer 2019 geliwwert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Gemenge bidden hire Biergerinnen a Bierger, Stand 2020, keng Méiglechkeet hier Bio-Offäll separat vum Reschtoffall z’entsuergen? 

  2. Wéi eng Gemenge sinn zënter dem Refus vun der Motioun vum 16te Mee 2019 nei am Reseau vun de Bio-Poubellen dobäi komm?

  3. Wéi vill Tonne Bio-Offäll gouf et an de Joren 2018, 2019 an 2020?

  4. Wéi huet sech den Undeel vu Bio-Offäll, deen am Reschtoffall landt, zënter 2014 entwéckelt? (opgelëscht pro Joer)?

  5. Wéi vill Entreprisen hei am Land benotzen eng Bio-Poubelle am Betrib? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4992

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert