Connect with us

Questions parlementaires

Asaz vu Lëtzebuerger Truppen am Mali

De 27ten August si 15 Lëtzebuerger Zaldoten an de Mali geflunn, fir do vu Koulikoro aus véier Méint laang un der Missioun EUTM 2021-03 deelzehuelen. Laut der Noriichtenagentur Reuters ass de Regime am Mali amgaangen, mam russesche Söldnertrupp „Wagner“ iwwert eng méiglech Ënnerstëtzung vun der malescher Arméi ze verhandelen. De Ministerpresident vu Mali huet dës Meldung weder dementéiert nach affirméiert.  De Kanzlerkandidat vun der CDU an d’Kandidatin vun de Gréngen aus Däitschland hunn an Interviewe kloer gemaach, dass den Asaz vu russesche Söldner kéint ee Réckzuch vun den däitschen Truppen aus dem Land bedeiten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Informatiounen, iwwert déi aktuell Situatioun am Mali an eng eventuell Ënnerstëtzung vun der malescher Arméi duerch russesch Söldnertruppen, huet Lëtzebuerg virleien?

  2. Falls sech d’Noriicht iwwert den Asaz vu russesche Söldner am Mali sollt bestätegen, wäert Lëtzebuerg den Asaz vun eisen Zaldoten am Mali fréizäiteg ofbriechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4988

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert