Connect with us

Questions parlementaires

Bezuelen mat Debit- a Kreditkaarte bei Elektrobornen

Am däitsche Bundestag gëtt säit November 2019 iwwert eng nei Ladesäulenverordnung. Dëse sougenannten „Masterplan für Ladeinfrastruktur“ soll d’Elektroautoen nach méi attraktiv maachen. Dëst ënnert anerem doduerch, dass d’Provider vun den Elektroborne missten d’Bezuele via Debit- a Kreditkaarte bei all hire Bornen erlaben. Och zu Lëtzebuerg brauch ee Momentan eng Kaart vum Bedreiwer vun der Borne, fir ze bezuelen. Dëst stellt d’Besëtzer vun Elektroautoe virun eng Erausfuerderung, wann si mat hirem Auto ausserhalb vum Land ënnerwee sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet de Minister zu der Iddi, dass d’Bezuele via Debit- a Kreditkaarte bei all Borne misst méiglech sinn?

  2. Wäert d’Regierung sech op europäeschem Plang dofir asetzen, dass europawäit un Elektrobornë ka mat Debit- a Kreditkaarte bezuelt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4957

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert