Connect with us

Questions parlementaires

Placéierung vu Mënschen an zouenen Ustalten

D’Gesetz vum 10ten Dezember 2009 reegelt d’Hospitaliséierung vu Persounen, déi mental Problemer opweisen. Et handelt sech heibäi ëm Reegelen, déi déif an d’Fräiheete vun enger Persoun agräifen an déi u sech nëmmen dofir geduercht sinn, deene Leit ze hëllefen, déi eng Gefor fir sech an/oder hiert Ëmfeld duerstellen. D’Placéiere vun enger Persoun an engem Spidol fir mental Gesondheet muss ënnert héchster Transparenz an dem striktem Ofweie vun de Grondrechter vun dëser Persoun, vu Fall zu Fall a mat ganz vill Proportionalitéit tëschent Zil an Zweck decidéiert ginn, fir net fälschlecherweis Mënsche willkürlech anzespären.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht no Demandeur fir eng Placéierung, sou wéi se an de 5 Kategorien aus dem Artikel 7 festgehalen ass:  • Wéi vill Persoune sinn zënter dem Akraafttriede vum Gesetz an ee Service de Psychiatrie placéiert ginn?  • Wéi vill sinn tëschenzäitlech erëm entlooss ginn? • Wéi laang sinn d’Persounen am Duerchschnëtt placéiert?  • Wéi vill Persoune sinn no enger Entloossung op een Neits placéiert ginn? 

  2. Wéi vill Persoune sinn zënter dem Akraafttriede vum Gesetz wärend hirer Observatiounszäit (vu maximal 30 Deeg) entlooss ginn? Wéi laang sinn dës Persounen am Duerchschnëtt placéiert? Wat ass de Medianwäert? 

  3. Kënnen d’Patiente wärend hirer Observationsperiod géint hire Wëllen staark Medikamenter a Berouegungsmëttel veruerdent kréien? Falls jo, wéi gëtt dëst dokumentéiert, wéi vill Medikamenter verofreecht ginn a aus wéi enge Grënn? Wéi gëtt séchergestallt ,dass dës Dokumentatioun net manipuléiert gëtt?

  4. Nom Artikel 42 vum Gesetz muss d’Ministesch der Chamber all 3 Joer ee Rapport vun der Situatioun vun de Spideeler fir mental Gesondheet presentéieren. Dës Rapporten si fir de breede Public allerdéngs net ze fannen. Kéinten dës Rapporten, ënnert Berécksiichtegung vum Dateschutz vun de Persounen, ënnert PDF-Form um Site vum Ministère verëffentlecht ginn? Falls nee, firwat net?

  5. Wéi kënne Persounen, déi zu Onrecht an esou eng Struktur placéiert goufen, sech dogéint wieren? 

  6. A wéi vill Fäll hu Persounen eng Plainte géint eng Placéierung gemaach, well si zu Onrecht an eng zoue Struktur placéiert goufen? A wéi ville Fäll koumen d’Enquêteuren zu Konklusioun dass dës Leit tatsächlech fälschlecherweis placéiert goufen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4931

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert