Connect with us

Questions parlementaires

Lëtzebuerg verléiert Positiounen am Ranking zur Pressefräiheet

Published

on

Den 20ten Abrëll huet Associatioun Reporter ohne Grenzen hire järleche Ranking zur Pressefräiheet publizéiert. Lëtzebuerg ass hei ee vun de Verléierer a rutscht vu Platz 17 op 20 erof. Als Begrënnung heescht et:  “”Generell problematisch sind die zögerliche Herausgabe von Informationen durch Gerichte und Ministerien, die Beeinflussung von Medien aufgrund wirtschaftlicher Interessen und die oft enge Absprache zwischen Medien und Mächtigen in dem kleinen Großherzogtum.”” D’Net-Erausgi vun Informatioune vun de Ministèrë gouf och vun der ALJP an hire Partner am Kader vun hirem Pressecommuniqué vum 19ten Abrëll kritiséiert: “”Seit 15 Jahren wartet die ALJP darauf, dass sich endlich etwas tut. Mehrere Unterredungen mit dem Medienminister, mit den Mitgliedern der Medienkommission der Abgeordnetenkammer und mit Vertretern einzelner Parteien sowie das Einreichen einer juristisch ausgearbeiteten Gesetzesvorlage seitens der ALJP (auf Bitten der erwähnten Medienkommission) blieben erfolglos.”” Eng Verschlechterung vun der Pressefräiheet stellt Reporter ohne Grenzen net nëmmen zu Lëtzebuerg fest. Weltwäit gi just nach 12 vun 180 Länner als “gutt” agestuuft. An 73 Länner ginn d’Journalisten a Journalistinnen an hirer Aarbecht wäitgoend oder komplett blockéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Säit 2014 verléiert Lëtzebuerg u Placéierungen. Gouf Lëtzebuerg 2014 nach mat 6,7 Punkten als “gutt” bewäert, ass säitdeem een kontinuéierlechen Abwärtstrend festzestellen. Wéi erkläert sech d’Regierung dëse Placéierungsverloscht? Wat sinn hirer Meenung no d’Grënn, aus deene Lëtzebuerg vu Platz 1 am Joer 2008 op Plaz 20 am Joer 2020 erofgefall ass?

  2. Gesäit d’Regierung ee Lien tëscht de Remarke vun der Associatioun Reporter ohne Grenzen an der Campagne “Informatiounszougang elo!” ?

  3. Gesäit d’Regierung no dëse rezenten Entwécklungen Handlungsbedarf? Falls jo, wat fir Schrëtt si geplangt, fir d’Pressefräiheet zu Lëtzebuerg nees méi ze stäerken?

  4. Ass ausgeschloss, dass d’Regierung oder eenzel Membere vun der Regierung, géint d’Medien zu Lëtzebuerg oder de Quelleschutz (Informanteschutz) an der Vergaangenheet virgaange sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4135

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.