Connect with us

Questions parlementaires

55’000 Dosen AstraZeneca vun Dännemark u Schleswig-Holstein

Wéi d’Agence France-Presse matdeelt, huet Dänemark beschloss, dem däitsche Bundesland Schleswig-Holstein 55’000 Dosen AstraZeneca Vaccin zur Verfügung ze stellen. An Dänemark gëtt dëse Vaccin net méi agesat, an dofir huet sech déi Dänesch Regierung bereet erkläert, hiren Noperen ze hëllefen, nodeems de Ministerpresident vum Bundesland dëst gefrot hat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Steet d’Regierung a Kontakt mat Dänemark an anere Länner, déi am Besëtz vu Vaccine sinn, déi si an hirem Land net méi verimpfe wëllen?

  2. Huet d’Regierung schonns bei der Dänescher Regierung ugefrot, op nach weider Dosen AstraZeneca disponibel sinn?  • Falls jo, wat war d’Reaktioun vun der Dänescher Regierung? • Fall nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4138

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert