Connect with us

Questions parlementaires

Firwat besteet haut nach d’Lëscht mat den als geféierlech agestuuften Hondsrassen?

De 7ten Juni 2018 gouf an der Chamber iwwert d’Lëschte vun als geféierlech agestuuften Hondsrassen debattéiert. Deemools war iwwert eng Petitioun zu dësem Thema an der Chamber debattéiert ginn an den deemolege Landwirtschaftsminister Fernand Etgen sot : ““Wann een dës Virfäll mat Hënn réckbléckend analyséiert, kann ee feststellen dass et sécher net déi Rasse vu geféierlechen Hënn aus dem Gesetz sinn, déi méi oft concernéiert sinn, ganz am Contraire. Dës Rasse sinn éischter wéineg an deenen dote Fäll verwéckelt. Ganzt oft sinn dës Attacken dorobber zréck ze féieren, dass de Besëtzer onverantwortlech gehandelt huet. […] Geféierlechkeet vun engem Hond ass an deene meeschte Fäll keen objektive Parameter.“” D’Hondsgesetz gouf awer no dëser Debatt net ofgeännert an esou ass d’Lëscht mat de „geféierlechen“ Hondsrassen nach ëmmer a Kraaft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet den héitegen Landwirtschaftsminister zu dem Artikel 10 vum ofgeännerten Gesetz vun 2008? Wier d’Regierung bereed, d’Lëscht mat den als „geféierlech“ agestuften Hondsrassen aus dem Gesetz ze huelen?

  2. Wéi vill Persounen goufen an deenen leschten 5 Joer duerch Hënn verletzt? Ass bekannt ëm wéi eng Rasse vun Hënn et sech bei dësen Attacken gehandelt huet? Falls jo, wéi vill Prozent vun den Attaquen ginn op déi sougenannt Lëschtenhënn zreck?

  3. Laut Artikel 12 vun dësem Gesetz mussen déi betraffe Besëtzer un enger Formatioun deelhuelen, fir de richtegen Ëmgang mam Hond ze garantéieren. Am Fall wou den Artikel 10 géif gestrach ginn, wéi gedenkt d’Regierung mat dëse Formatiounen, déi jo ee Schutz vu Mënsch an Déier solle garantéieren, weider ze fueren? 

  4. Dem selwechten Artikel no dierfe Persounen ënnert 18 Joer, a Persounen, déi wéinst Verbriechen oder verschidden Delikter verurteelt goufen, net Besëtzer vun engem Lëschtenhond sinn. Sinn der Regierung Verstéiss géint de Paragraph 1 oder de Paragraph 2 vum Artikel 12 bekannt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4145

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert