Connect with us

Motiounen

LGBTIQ+ Freedom Zone

Context:Séance Plénière 29.06.2021

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Dass d’EU Parlament den 11 Mäerz 2021 eng Resolutioun ugehol huet, déi festhällt : „1. Hereby declares the European Union an ‘LGBTIQ Freedom Zone’; 2. Denounces all forms of violence or discrimination against persons on the basis of their sex or sexual orientation“;
  • Dass dat ungarescht Parlament rezent ee Gesetz gestëmmt huet, mat deem d’Rechter vun der LGBTIQ+-Communautéit staark ageschnidde ginn;
  • Dass d’EU-Kommissiounspresidentin d’Gesetz als Schan deklaréiert huet an d’EU-Kommissioun juristesch wëll géint Ungarn virgoen, falls d’Orbán-Regierung net alenkt. An dass des Weideren 13 EU-Memberstaaten, op Initiativ vun de Benelux-Länner, eng Resolutioun ënnerschriwwen hunn, an där si hiren Desaccord mam ungaresche Gesetz zum Ausdrock bréngen;
  • Dass schonn Acteuren um localen Niveau, wéi d’Stied Esch a Lëtzebuerg an d’Gemeng Remmleng, sech zu LGBTIQ+ Freedom Zone erkläert hunn;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Ganz Lëtzebuerg offiziel zu enger LGBTIQ+ Freedom Zone z’erklären.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert