Connect with us

Motiounen

Motioun fir e Verbuet vun der Klappjuegd

Context:Gesetzesprojet 7569 iwwert d’Juegdkonventioun

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Déiereschutzorganisatioun PETA entkräft op hierer Website eng ganz Parti vun Argumenter, déi ëmmer ërem vu Juegtënnerstëtzer virbruecht ginn, fir d’Bäibehale vun der Klappjuegd ze legitiméieren (Source: https://www.peta.de/themen/jagdirrtuemer/). D’Diskussiounen rondërem d’Thema Juegd weisen, dass et net nëmmen eng eenzeg Léisung fir d’Bestandreguléierung gëtt, mee verschiddener;
  • De Bestand u Wëllschwäi wär net esou héich, wéi en aktuell ass, wann méi professionaliséiert Jeeër a reegelméissegen Ofstänn géifen eenzel op d’Juegd goen. Wann ee wochen- oder och méintlaang net nom Wëllschwäinbestand kuckt, an sech drop verléisst, dass ee bei enger Klappjuegd scho genuch Schwäi wäert fannen a schéisse kënnen, dann huet een e Problem, wann d’Resultat vun där Juegd um Enn méi kleng ausfält ewéi geplangt;
  • Engagéiert Jeeër, déi hier Juegd eescht huelen an oft dobausse sinn, sinn net op Klappjuegten ugewisen, fir genuch Déieren ze schéissen. Si beweegen sech roueg duerch de Bësch, huele Récksiicht op Planzen an Déieren, déi net geschoss ginn, a verléieren a kengem Moment de Respekt virun deem Déier, wat se joen. D’Klappjuegd ass deemno net déi effektivste Juegdform, fir d’Wëllbestänn ze reguléieren;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Praxis vun der Klappjuegd am Juegdgesetz ze verbidden.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert