Questions parlementaires
Mat engem QR-Code géint Gaffer virgoen
Déi däitsch Johanniter hunn viru kuerzem ee Projet virgestallt, dee verhënnere soll, dass voyeuristesch veranlaagt Persounen bei engem Accident d’Aarbecht vun den Ambulanciere behënneren. Mat QR-Coden, déi un d’Ambulanz, un de Rucksäck vun den Ambulancieren an op mobillen Unfallschutzwänn vun de Johanniter gepecht ginn, solle Persounen, déi versiche mam Handy den Accident ze filmen, automatesch ee Message op hiren Handy geschéckt kréien. Dëse Message mécht si drop opmierksam, dass hiert d’Handelen de Sanitäter hier Aarbecht behënnert a strofbar ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi steet d’Regierung zur Aféierung vun esou engem Projet zu Lëtzebuerg?
Wier esou ee Projet och zu Lëtzebuerg ëmsetzbar?
QP Nummer 4341