Connect with us

Motiounen

Neiausschreiwung vun der Aktioun SuperDrecksKëscht

Context:Gesetzesprojet 7950 iwwert d’Finanzéierung vun der Aktioun Superdreckskëscht

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Den Avis juridique vum 15. Juni 2022 (ze fannen op www.piraten.lu/dossiersdk/) liwwert eng detailléiert Analyse iwwert de Finanzement vun der Aktioun SuperDrecksKëscht;
  • Den Artikel 99 vun der Verfassung gesäit vir, dass all Ausgab vun iwwer 40 Milliounen Euro Objet vun engem separate Finanzéierungsgesetz muss sinn;
  • De Kontrakt vum 2. Januar 2018, deen den Ëmweltministère fir d’Aktioun Superdreckskëscht mat der Firma Oeko-Service Luxembourg S.A. (OSL) ënnerschriwwen huet, kascht méi wéi 40 Milliounen Euro a muss deemno per Spezialgesetz vun der Chamber accordéiert ginn;
  • De Kontrakt vum 2. Januar 2018 gouf an Ofwiesenheet vun engem Finanzéierungsgesetz vum Ëmweltministère ënnerschriwwen. D’ofgeännert Gesetz vum 25. Mäerz 2005 iwwert d’Fonctionnement an d’Finanzéierung vun der Aktioun SuperDrecksKëscht ass kee Spezialgesetz am Sënn vum Artikel 99 vun der Verfassung, well kee präzise Montant an dësem Gesetz festgehalen ass;
  • D’Finanzéierung vum Kontrakt, deen den Ëmweltministère 2018 ënnerschriwwen huet, hätt missten am Aval vun der Chamber approuvéiert ginn an dat war net de Fall;
  • Den Artikel 2 vum Code Civil gesäit vir, dass „la loi ne dispose que pour l’avenir; elle n’a point d’effet rétroactif“. De Gesetzesprojet 7950 kann net nodréiglech d’Situatioun vum Kontrakt vun 2018 regulariséieren;
  • De Kontrakt, deen den 2. Januar 2018 tëschent dem Ëmweltministère an der Firma OSL ënnerschriwwe gouf ass deemno ongëlteg.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. De Kontrakt vum 2. Januar 2018 tëschent dem Ëmweltministère an der Firma OSL opzeléisen;
  2. Nach dëst Joer eng nei ëffentlech Ausschreiwung fir d’Aktioun SuperDrecksKëscht ze maachen.
Eis Motioun gouf vun DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent.
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert