Connect with us

Questions parlementaires

Nuetszich zu Lëtzebuerg

Wéi Der Spiegel an engem Artikel vum 23te Juli 2021 beriicht, wäert d’Deutsche Bahn a Kooperatioun mat aneren europäeschen Eisebunnen ab Dezember nei europäesch Verbindunge fir Nuetszich ubidden. De Spriecher vun der Deutsche Bahn sot zu dëser Approche Folgendes: ““Wenn in Europa jeder ein bisschen Nachtzug macht, dann ist damit der Zukunft des Nachtzugs wenig gedient.“” A fréiere parlamentaresche Froen (n°900 & 1388) hat ech de Minister ëm d’Erëmaféiere vu Nuetszuch-Verbindungen zu Lëtzebuerg befrot. Op dës Froen hat de Minister mir allerdéngs kloer ze verstoe ginn, dass Lëtzebuerg wéineg Potenzial fir esou Zich hätt. Eng änlech Äntwert huet de Minister an der Äntwert op d’Fro n°3519 ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kéint een d’Potenzial fir Nuetszich verbesseren, andeems d’lëtzebuergesch Regierung dës Form vu Reese méi géif promouvéieren an ënnerstëtzen?

  2. Gouf d’CFL vun aneren europäeschen Eisebunne kontaktéiert, fir un europäeschen Nuetsverbindungen deelzehuelen?

  3. Kéint d’Regierung sech virstellen d’Tickete fir Nuetszich ze subventionéieren, wann domadder Kuerzstreckeflich kéinten ersat ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4748

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert