Connect with us

Questions parlementaires

Virsiicht mat Uebst a Geméis aus dem eegene Gaart

De Gesondheetsministère huet de 27te Juli ee Communiqué Juli erausginn, an deem en d’Leit warnt, kee Geméis an Uebst aus dem eegene Gaart ze consomméieren, well no den Iwwerschwemmunge Mëtt Juli vill gesondheetsschiedlech Chemikalien a Bakterien d’Uebst an d’Geméis an de Gäert kéinte kontaminéiert hunn Wärend den Iwwerschwemmunge goufen awer net nëmme Gäert, mee och eng Rëtsch Geméis- an Uebstfelder souwéi Gréngland, iwwerschwemmt. D’Zeitung „De letzebuerger Bauer“ schreift a sengem Leitartikel vum 23te Juli 2021: ““Wegen der Verschmutzung durch Schlamm und Geröll, in schlimmeren Fällen durch Heizöl aus geborstenen Tanks, Müll oder Frachten aus überschwemmten Kläranlagen, kann das Futter (Gréngland) nun nicht mehr benutzt werden.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Konnt de Landwirtschaftsministère scho feststellen, ob och d’Geméis- an Uebstfelder hei am Land vun esou Kontaminéierunge betraff sinn? 

  2. Goufe schonns Liewensmëttel aus dem Verkéier gezunn, déi am Zesummenhang mat den Iwwerschwemmunge kontaminéiert gi sinn?

  3. Wäerten an nächster Zäit verstäerkt Liewensmëttelkontrollen duerchgefouert ginn, fir Risike fir de Konsument kënnen ze minimiséieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4768

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert