Questions parlementaires
Police-Kontrollen am Kader vun der Ausgangsspär – Nofro
Säit dem 30.10 kontrolléiert d’Police déi vun der Regierung gefroten Ausgangsspär. Jiddereen den zu Fouss, mam Velo oder mam Auto tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies ënnerwee ass, ka vun enger Police Patrull ugehale ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng Donnéeë ginn am Kader vun esou enger Kontroll festgehalen a gespäichert?
-
Wéi vill Avertissements taxés si bis elo wéinst Verstéiss vun der Ausgangsspär gesprach ginn?
QP Nummer 3079