Connect with us

Questions parlementaires

Police-Kontrollen am Kader vun der Ausgangsspär

U mech sinn Informatiounen erugedroe ginn, dass Fräiwëlleger vum Corps Grand-ducal d’Incendie et de Secours de Weekend wärend engem Asaz vun der Police iwwerpréift gi wieren. Mengen Informatiounen no, hunn déi Fräiwëlleg de Beamten hier Badgë gewisen, d’Policebeamten hunn awer nach zousätzlech beim 112 nogefrot op d’Zentral Kenntnis vun dësem Asaz hätt. Esou eng Kontroll kascht zousätzlech Zäit, Zäit déi am Fall vun engem Asaz een entscheedenden Ënnerscheed ka maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister Kenntnis iwwert esou Kontrollen ? 

  2. Wéi eng Uweisungen huet d’Police am Fall, wou si Fräiwëlleger vum Groupe vum Corps Grand-ducal d’Incendie et de Secours kontrolléieren ?

  3. Wat solle Léit, déi tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies wéinst hirer Aarbecht ënnerwee si, fir Pabeiere mat sech féiere, fir dass Kontrollen esou effektiv a séier wéi méiglech kënne gemaach ginn?  Ginn am Ministère Formulairen zu dësem Zweck ausgeschafft? Falls jo, wéini sinn dës Formularen ze erwaarden?

  4. Wéi vill Kontrolle sinn am Kader vun der Ausgangsspär dëse Weekend gemaach ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3071

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert