Questions parlementaires
Schnelltester um Flughafen
Op de Flughäfe JFK an Newark an den USA, goufen Teststatioune fir Schnelltester fir d’Passagéier a Betrib geholl. Hoffnung vun de Bedreiwer vum Flughafen ass, fir all Passagéier ze testen, iert en sech an de Fliger sëtzt, fir esou d’Verbreedung vum Virus duerch de Fluchverkéier ze verhënneren. D’Mesure soll och dozou bäidroen, de Léit d’Angscht virum ze Fluch huelen. An der Teststatioun um Findel kënnen sech d’Passagéier no der Arrivée teste loossen, fir esou ze verhënneren, dass si de Virus am Land verbreeden.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Ass d’Asëtze vu Schnelltester an der Teststatioun um Findel geplangt? Falls nee, firwat net?
QP Nummer 3073