Connect with us

Questions parlementaires

Privat Buedzëmmeren an Alters- a Fleegeheemer – Nofro

An der Äntwert op meng Fro n°4733 hat d’Familljeministesch mech informéiert, dass Stand August 2021, 271 Logementer an Alters- a Fleegeheemer keng eege Toilette haten. Dës Weideren haten 495 Logementer weder Toilette nach Dusch. An der Sëtzung vum 8ten Dezember sot d’Ministesch dës Zuelen wieren net méi aktuell.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun de Bewunner an de lëtzebuergesche Fleegeheemer hu keng eegen Dusch, déi ausschliisslech fir hire Privatgebrauch reservéiert ass? A wéi enge Fleegeheemer ass dëst de Fall?

  2. Wéi vill vun de Bewunner an de lëtzebuergesche Fleegeheemer hu keng eegen Toilette, déi ausschliisslech fir hire Privatgebrauch reservéiert ass? A wéi enge Fleegeheemer ass dëst de Fall?

  3. Wéi vill vun de Bewunner an de lëtzebuergesche Fleegeheemer hu keen eegent Buedzëmmer mat Toilette, Lavabo an Dusch, dat ausschliisslech fir hire Privatgebrauch reservéiert ass? A wéi enge Fleegeheemer ass dëst de Fall?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7346

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert