Connect with us

Questions parlementaires

Kontroll bei Crèche

Zanter dëser Woch gi viru Geriicht d’Virwërf géint d’Gerante vun enger Crèche gepréift. Der Ugeklote gëtt premeditéiert Kierperverletzung géint Kanner a Salariéeë virgehäit. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kontrolle goufen an deene leschte 5 Joer bei privat Crèche gemaach, fir sécher ze stellen, dass den Agrément agehale gëtt?

  2. Wéi vill Prozent mëscht dat en vue vun der Gesamtunzuel u private Crèchen aus?

  3. Wéi vill Crèchë goufe méi wéi 1 Kéier an de leschte 5 Joer kontrolléiert a wéi oft?

  4. Wat fir Verstéiss goufe bei dëse Kontrolle festgestallt? Kann d’Ministesch duerleeën, wéi vill Prozent déi jeeweileg Verstéiss par rapport zur Gesamtunzuel u Verstéiss ausmaachen?

  5. Wat fir Prozedure ginn ageleet am Fall wou Verstéiss festgestallt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7334

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert