Questions parlementaires
Accidenter um CR101 – CR110
An der Nuecht vum 1ten Dezember op den 2ten Dezember si bannent 24 Stonnen zwee Accidenter op der Kräizung tëschent dem CR101-CR110 zu Kéinzeg passéiert (Kräizung tëschent der Rue Basse, Rue Longue & Rue de la Gare). Et ass net déi éischte Kéier, dass et zu Accidenter op dëser Plaz kënnt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Accidenter goufen an de leschten 20 Joren op dëser Kräizung gezielt?
Wat hunn d’Ponts et Chaussées an der Vergaangenheet op dëser Plaz ënnerholl, fir d’Verkéierssécherheet ze verbesseren?
Wéi eng Léisungen ginn aktuell fir dës Kräizung zeréckbehalen?
Wéi bewäert de Minister d’Opstelle vu roude Luuchten op dëser Plaz a wéi géif dëse Léisungsusaz d’Verkéierssécherheet beanträchtegen?
Wäert de Minister hei bannent dem nächste Joer eppes ënnerhuelen, fir d’Verkéierssécherheet ze verbesseren? Falls jo, wat fir Moossname ginn ënnerholl a bis wéini ginn se ëmgesat?
QP Nummer 7330