Connect with us

Questions parlementaires

Busser op Mont-Saint-Martin

Stand Enn November koum et zu Lëtzebuerg zu 15 schwéieren Aggressioune géint Buschaufferen am Land. Eng Attack, iwwert déi RTL bericht huet, ass déi géint ee Buschauffer op enger Linn zu Mont-Staint-Martin, op deen enges Owes geschoss gi war. Ab dem 11 Dezember fueren d’Linnen 703 an 732 Mont-Saint-Martin dofir net méi. Dës Linnen dierfen eréischt erëm befuer ginn, wann fir d’Sécherheet vun de Buschauffere gesuergt ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister schonn een Accord fonnt mat de franséischen Autoritéite fir op dëse Linne fir déi néideg Sécherheet ze suergen? 

  2. Ginn nach weider Gespréicher mat eise franséische Partner gefouert, och wann d’Arrêten elo gestrach ginn?

  3. Wéini denkt de Minister, dass Mont-Saint-Martin erëm befuer ka ginn?

  4. Wéi eng Sécherheetsmesurë sinn fir d’Chauffere op dësen Linne virgesinn?

  5. Sinn soss nach Linnen oder Arrêten an den leschten 2 Joer wéinst Sécherheetsgrënn gestrach ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7331

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert