Connect with us

Questions parlementaires

Rekrutement bei der Arméi

D’Lëtzebuerger Arméi probéiert reegelméisseg de jonke Leit de Beruff vum Zaldot z’erklären a si fir eng Karriär an der Arméi ze begeeschteren. Fir de Rekrutement unzekuerbelen, gëtt op Partner-Programmer mat Lycéeën a mat Videoen op de sozialen Netzwierker an op der Télé geschafft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Video, deen am Moment grad um Site d’acceuil vun der Arméi ze gesinn ass, soll den Alldag vun 3 Zaldot*innen duergestallt ginn. De Video dauert 3 Minutten an 2 Sekonnen, dovu ginn iwwert 20 Sekonne laang (11% vum Video) Zaldote mat Waffe gewisen.  Wéi vill Stonne ginn an der Grondausbildung fir den Training Waffe genotzt (an absolutten Zuelen an a Prozent)? Ass de Minister der Meenung, dass dës Duerstellung proportionell ass?

  2. Am Video gëtt och een Asaz am Mëllerdall ugeschwat, deen mat den Iwwerschwemmungen am Joer 2018 zesummenhänkt. D’Katastrophenhëllef ass ee wichtegen Aspekt vun der Aarbecht vun der Arméi, gëtt awer nëmmen um Rand erwäänt.  Ass de Minister der Meenung, dass dësen Aspekt vun der Aarbecht vun der Arméi proportionell richteg am Video duergestallt gëtt?

  3. Dës Videoe gi wéi gesot och op der Télé gewisen.  A wat fir engem Kader ass d’Duerstellung vu Waffen op der Telé zu Lëtzebuerg erlaabt?

  4. Gëtt beim Erstelle vun dëse Videoen op extern Agencë gesat? Falls jo, ëm wéi eng Agencë handelt et sech?

  5. Mat wat fir Käschte war d’Ausschaffe vun dëse Videoe an deene leschten 3 Joer verbonnen?  Wéi vill huet d’Publicitéit vun de Videoen an deene leschten 3 Joer kascht?

  6. Ass de Minister der Meenung, dass Notze vu Waffe muss an de Virdergrond gestallt ginn, fir jonk Mënschen z’erreechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4623

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert